Am Jär 1748 gëtt zu Angelduerf bei der Sauer op der heitdëger Adress 13, rue de la Sûre den Haff gebaut.

1972 ass et den Willy Linckels deen dëse Betrib an der 11. Generatioun iwerrhëllt an zesummen mat sèngem Papp weiderféiert. D'Schwéierpunkten vum Betrib waeren, wéi et an daer Zäit nach üblech waer, verschidden. Nierft Schwäin an Ranner gouf deemols och nach gestrach.


    

 

Am Jär 1986 louch de Schwéierpunkt vum Betrib op der Zuuch vun Ranner a Schwäin. De Maschinnepark waer op een Minimum reudzéiert. Deen jeengsten Traktor hat deemols 10 Jär (Schlüter - 90 PS) an och ee Mähdrescher vun 12 Jär waer nach am Asatz..

Aarbeschten am Kader vum Maschinenring gouf och gemaach. Dëst waer allerdèngs kèng Regel mee villméi éng Ausnam an Noutzäiten.

 

Déi éischt Hal gëtt um Goldknapp gebaut. D'Ställ bleiwen an énger éischter Phase nach beim Haff ënnen am Duerf.

D'Aarbëscht sinn ofgeschloss. Um Betrib Linckels um Goldknapp goufen insgesamt 2 Halen, een Atelier an een Kéistall fir Ammekéi opgeriicht.

Aktuell gëtt de Betrib Linckels zesummen vum Willy a Claude Linckels geleet. Nierft der deeglëscher Aarbescht ginn och nach vill aaner Servicer fir Baueren, Betriber a Privatpersounen ugebueden.